Lex Weyer - Caféhausuntiere / Manke (Michael Damm) Voll Daneben

Zwanzeg Joer no hirem Ufank als Text- a Cartoonequipe forcéieren de Lëtzebuer-ger Grafiker a Karikaturist Lex Weyer an de Frankfurter Kiezbistrospoet Manke hiert Publikum fir d’drëtt zur Rezeptioun vun hirem onermiddlechem Vreckt-schaffen.Wéi och an deenen zwou Ausstellun-ge virdrun, déi sech ënnert den Titelen „VOLL DANEBEN“ (1988) a „SAUF-NASEN UND SCHNAPSDROSSELN“ (1997) mat der Observatioun vun der Wiertschaft a Wuert a Bild beschäftegen (Exponate vun den zwou Expositioune kann ee säit 1988 am Jazzlokal Mampf, Sandweg 64, 60316 Frankfurt am Main gesinn a kafen), widmen sech de Lex Weyer an de Manke och dës Kéier dem eegene Liewen, dat sech all Dag an de Wiertshaiser ofspillt.Dës Kéier veraarschen d´Auteuren mat engem ironesche Stréch an enger satirescher Fieder eng besonnesch Zort aus der Gastro-Zoologie mat hiere Gewunnechten, Macken an désagréa-bele Gefiller: d´CAFEHAUS-UNTIER: Krégéiler, Strummerten a Besserwësser als beschtens bekannt mënschlech For-me vun dëser Zort kréien hiert Fett grad esou ewech wéi Meckergeessen, Lack-afen an Platzhirschen, Déierenzorten, déi aus de Käfege vun hirem Alldagsliewen eng Sortie erlaabt kritt hunn an sech an der privater Ëffentlechkeet vum Café erëmfannen, fir sech hei opzehalen, auszebreeden, auszekräischen an dobäi Wierts- a Gäschtecommunautéit ee wéi den aneren ze kujenéieren.De Lex Weyer, Joergank 1966, ass Lët-zebuerger a Member vun der Weyer- Kënschtler- an Designer-Dynastie. Nom Absolvéieren vun der Folkwang Schoul zu Essen, spréngt en an di pädagogesch-kreativ Praxis : e gëtt Konschtproff an der Primaireschoul, gëtt Konscht-, Design- a Computercoursen am Lycée Technique, Art-Direkter a last, but not least, Grafiker vum Design-Atelier lex+pit weyer. www.weyerdesign.lu Hie konnt sech der Opsiicht vun sengen Elteren Anne a Pit, di am selwechten Atelier schaffen,  ëmmer nees entzéien - duerch Verleeën vu wichtege Gespréicher an d’Wiertschaft niewendrun.Esou huet hie schon 1988 an dem Manke säi Poesiealbum geschriwwen: „Pinsel a Stëft notzen ech, fir mäi perma-nent Strummen a Bistroen a Spelunken ze legitiméieren“. Dat huet sech bis haut net geännert.De Manke, Joergank 1949, ass Kiezpoet an zënter 1983 Wiert, Animateur, Séil-suerger vun enger Jazz-Spelunke am Frankfurter Ostend - wou hien och Mischi genannt gëtt. Hien hellt d’Matière fir seng oft och ongereimt Spëtzfënnegkeeten aus dem Alldagsliewen vun der Servé-iereaktivitéit, déi hiert Material engem stänneg wuessende Protestpotenzial ze verdanken huet, dat aus der Langweil duerch d’Routine an d’Normalitéit vun den Dingschtleeschtungsativitéiten am Lokal entsteet. www.jazz-mampf.deSchon 1988 huet hien op dem Lex seng Pinnwand als Memo fir säi Co-Auteur, dee Spréchelchen geschriwwen, deen hien ëmmer als Quell a Leitmotiv vun senger Reimkonscht bezeechent huet: „Saufen an de Bak halen ass dat schwéierst, wat ee vun engem Mënsch verlaange kann“. Dat huet sech och bis haut net geännert.Zwanzeg Joer no hirem Ufank als Text- a Cartoonequipe forcéieren de Lëtzebuer-ger Grafiker a Karikaturist Lex Weyer an de Frankfurter Kiezbistrospoet Manke hiert Publikum fir d’drëtt zur Rezeptioun vun hirem onermiddlechem Vreckt-schaffen.Wéi och an deenen zwou Ausstellun-ge virdrun, déi sech ënnert den Titelen „VOLL DANEBEN“ (1988) a „SAUF-NASEN UND SCHNAPSDROSSELN“ (1997) mat der Observatioun vun der Wiertschaft a Wuert a Bild beschäftegen (Exponate vun den zwou Expositioune kann ee säit 1988 am Jazzlokal Mampf, Sandweg 64, 60316 Frankfurt am Main gesinn a kafen), widmen sech de Lex Weyer an de Manke och dës Kéier dem eegene Liewen, dat sech all Dag an de Wiertshaiser ofspillt.Dës Kéier veraarschen d´Auteuren mat engem ironesche Stréch an enger satirescher Fieder eng besonnesch Zort aus der Gastro-Zoologie mat hiere Gewunnechten, Macken an désagréa-bele Gefiller: d´CAFEHAUS-UNTIER: Krégéiler, Strummerten a Besserwësser als beschtens bekannt mënschlech For-me vun dëser Zort kréien hiert Fett grad esou ewech wéi Meckergeessen, Lack-afen an Platzhirschen, Déierenzorten, déi aus de Käfege vun hirem Alldagsliewen eng Sortie erlaabt kritt hunn an sech an der privater Ëffentlechkeet vum Café erëmfannen, fir sech hei opzehalen, auszebreeden, auszekräischen an dobäi Wierts- a Gäschtecommunautéit ee wéi den aneren ze kujenéieren.De Lex Weyer, Joergank 1966, ass Lët-zebuerger a Member vun der Weyer- Kënschtler- an Designer-Dynastie. Nom Absolvéieren vun der Folkwang Schoul zu Essen, spréngt en an di pädagogesch-kreativ Praxis : e gëtt Konschtproff an der Primaireschoul, gëtt Konscht-, Design- a Computercoursen am Lycée Technique, Art-Direkter a last, but not least, Grafiker vum Design-Atelier lex+pit weyer. www.weyerdesign.lu Hie konnt sech der Opsiicht vun sengen Elteren Anne a Pit, di am selwechten Atelier schaffen,  ëmmer nees entzéien - duerch Verleeën vu wichtege Gespréicher an d’Wiertschaft niewendrun.Esou huet hie schon 1988 an dem Manke säi Poesiealbum geschriwwen: „Pinsel a Stëft notzen ech, fir mäi perma-nent Strummen a Bistroen a Spelunken ze legitiméieren“. Dat huet sech bis haut net geännert.De Manke, Joergank 1949, ass Kiezpoet an zënter 1983 Wiert, Animateur, Séil-suerger vun enger Jazz-Spelunke am Frankfurter Ostend - wou hien och Mischi genannt gëtt. Hien hellt d’Matière fir seng oft och ongereimt Spëtzfënnegkeeten aus dem Alldagsliewen vun der Servé-iereaktivitéit, déi hiert Material engem stänneg wuessende Protestpotenzial ze verdanken huet, dat aus der Langweil duerch d’Routine an d’Normalitéit vun den Dingschtleeschtungsativitéiten am Lokal entsteet. www.jazz-mampf.deSchon 1988 huet hien op dem Lex seng Pinnwand als Memo fir säi Co-Auteur, dee Spréchelchen geschriwwen, deen hien ëmmer als Quell a Leitmotiv vun senger Reimkonscht bezeechent huet: „Saufen an de Bak halen ass dat schwéierst, wat ee vun engem Mënsch verlaange kann“. Dat huet sech och bis haut net geännert.

 

D’Ausstellung CAFÉHAUS-UNTIERE fänkt den 1. Juni un am Ypsilon-Café Bergerstr. 18   60316 Frankfurt/MainDe Vernissage ass en Denschdeg, den 2. Juni a Präsenz vun den ArtistenDe Manke mécht d’Introduktioun.

av. pasteur 129
L-2311 luxembourg

tél. +352 229326
fax +352 26270664
gsm +352 691 708392

info@weyerdesign.lu



Webseite von Lex Weyer besuchen